
Zesumme mat der Maison Relais, der a.s.b.l. ProVelo an dem Kima-Bündnis Lëtzebuerg huet d’Administratioun vun der Gemeng Stroossen en neie Pilotprojet op d’Bee gesat.
Déi lescht zwou Woche si Kanner tëscht néng a siwe Joer, déi an de Citéë Peschter 1-4 wunnen a mam Vëlo an d’Schoul gefuer sinn, vu ProVelo a vum Klima-Bündnis Lëtzebuerg begleet ginn. De But war, e séchere Wee fir Kanner um Vëlo vun de Citéë bis an d’Schoul ze schafen.
D’Kanner konnten nämlech op dës Aart a Weis de Wee besser kenne léieren a bäibruecht kréien, wéi ee sech un de Code de la Route hält.
Et wäert dëse Summer beschwat ginn, ob esou eng Begleedung wäert kënnen dauerhaft aféieren a souguer erweideren, fir datt een och Kanner, déi méi wäit fort wunnen, kéint um Vëlo ënnerstëtzen.