80,5 MilliounenMamer ass déi Gemeng am Land, déi am meeschte Schold huet

RTL Lëtzebuerg
Domat situéiert sech d'Gemeng vum Finanzminister a fréiere Buergermeeschter Gilles Roth knapp viru Beetebuerg, wou de Scholdestand bei 78 Millioune läit.

Da kënnt Wolz mat 68,4 Milliounen, Iechternach mat 63,4 Milliounen an Diddeleng mat enger globaler Schold Enn d’lescht Joer an Héicht vu ronn 58 Milliounen.

Et ginn aktuell 17 vun den 100 Gemengen am Land, déi guer keen Emprunt bei de Banken hunn, dorënner d’Stad Lëtzebuerg, Hesper, Klierf, Nidderaanwen, Stroossen, Schëtter a Sandweiler.

De Ranking ass iwwerdeem en aneren, wann een d’Pro-Kapp-Schold kuckt, wou also d’Awunnerzuel mat der Schold verrechent gëtt.

Hei läit Iechternach vir mat enger Schold vun 10.800 Euro op den Awunner, zu Wolz ass dës Zomm bei 8.600 Euro an zu Mamer ëmmerhin nach bei 7.600 Euro.

An dësem Klassement vun der Pro-Kapp-Verschëldung kommen d’Fusiounsgemeng Groussbus-Wal (7.200 Euro), Beetebuerg (6.800 Euro), Jonglënster (6.400 Euro), a Mäertert (6.700 Euro) hannendrun.

Fir den Inneminister Gloden ass et wichteg ze betounen, datt d’Regierung awer net op d’Pro-Kapp-Schold kuckt, fir erauszefannen, ob d’Situatioun vun de Gemengefinanze kritesch ass - vill méi gëtt op d’Kapazitéit gekuckt, fir en Emprunt zeréckzebezuelen.

Dëst geschitt an Annuitéiten, déi via de Fonctionnementsbudget vun enger Gemeng bezuelt ginn.

Aktuell hunn all d'100 Gemengen hire Budget am Equiliber opgestallt, sou datt et domat sécher ass, datt och d’Schold vun all lokaler Verwaltung ka rembourséiert ginn.

Dës Informatioune liwwert den CSV-Minister op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fred Keup, deem seng fréier Gemeng Kielen eng Schold vu knapp 28 Milliounen huet.

Back to Top
CIM LOGO