
Mat Effet op den 1. Mee elo gëtt dem Romain Heinen säi Mandat als Direkter vum Enregistrement ëm 7 Joer verlängert: Den entspriechenden Arrêté grand-ducal gouf den 3. Abrëll geholl an en Donneschdeg am Mémorial publizéiert.
De 54 Joer ale Romain Heinen steet zanter 2006 un der Spëtzt vum Enregistrement. Um Direkteschposten hat den deemolege Conseiller de direction aus dem Finanzministère de Paul Bleser ersat, deen dunn an d'Pensioun gaange war.