OGBL-LCGBManifestatioun fir de Bau-Secteur

RTL Lëtzebuerg
Besser Aarbechtskonditiounen, besser Salairen a sécher Aarbechtsplazen. Dat fuerdert den OGBL fir de Bausecteur.
OGBL: Manifestatioun fir de Bau-Secteur
Besser Aarbechtskonditiounen, besser Salairen a sécher Aarbechtsplazen. Dat fuerdert den OGBL fir de Bausecteur.

200 Leit waren en Donneschdeg den Owend an de Casino op Bouneweg komm fir ze manifestéieren.

Ganz besonnesch rose sinn d’Gewerkschaftler, datt d’Patronat déi sektoriell Kollektiv-Verhandlunge schleefe léisst. Déi misste viru gedriwwe ginn fir de Leit besser Aarbechtskonditiounen ze erméiglechen.

Op d’Baukris ugeschwat, heescht et datt déi a verschiddene Betriber ze spiere wär. Anerer awer och iwwerhaapt net betraff wieren. Dofir ass den OGBL och weiderhin géint d’Fuerderung vum Patronat fir e Plang fir den Erhalt vun Aarbechtsplaze fir de ganze Secteur auszeschaffen. Besonnesch elo, wou déi nei Regierung jo och eng Bauoffensiv virgesinn hätt, wou d’Patronat all hir Fuerderungen erfëllt kréich, betount den OGBL Zentralsekretär Jean-Luc De Matteis.

Mat individuellen Plans de maintien dans l’emploi kéint een deene Betriber, déi an Nout wieren ganz gutt entgéint kommen. Just datt d’Federatioun vun der Constructioun an de Gruppement vun den Entrepreneuren hir Memberen an engem Bréif Enn Oktober virun individuelle Verhandlunge mam OGBL gewarnt hätt. E sektorielle Plang géif d’Gefor vun enger Konkurrenz-Verzerrung minimiséieren, heescht et am Schreiwes vum Patronat, dat RTL virläit.

OGBL-LCGB
E Freideg de Moien hunn d’Patronatsvertrieder aus dem Secteur eng Reunioun mam OGBL a mam LCGB.

E Freideg de Moien hunn d’Patronatsvertrieder aus dem Secteur eng Reunioun mam OGBL a mam LCGB. Mëttes dann huet fir d’éischt den OGBL an duerno den LCGB Rendez-vous mam Aarbechtsminister Georges Mischo a mam Wirtschaftsminister Lex Delles.

D’Fuerderunge vun de Gewerkschaften an der Baukris: OGBL wëll besser Paien, LCGB wëll Plan de maintien dans l’emploi sectoriel

Back to Top
CIM LOGO