DP-Member a JDL-Éierepresident Lucien Emringer am Alter vun 91 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Lucien Emringer ass dout. De fréiere Generaldirekter vum Amt fir Publikatioune vun der EU ass am Alter vun 91 Joer gestuerwen.
© RTL-Grafik

An den Annoncen an der geschriwwener Press ass vum Doud vum fréieren EUR-OP-Generaldirekter ze liesen. Den DP-Member an JDL-Éierepresident hat eng sëllege Funktiounen.

Ënnert anerem war hien eng Zäit President vum CVCE, dem virtuelle Center iwwert Connaissance vun Europa, oder 15 Joer laang President vu M-Immobilier, der Societéit, déi fir den Développement vun de Rives de Clausen zoustänneg war. De Lucien Emringer war ausserdeem och mexikanesche Konsul hei am Land.

Back to Top
CIM LOGO