VeianenMann begrapscht Polizist an hëlt een Zweete mam Hals

RTL Lëtzebuerg
An der Groussgaass zu Veianen, wou e Sonndeg den traditionellen Nëssmaart war, gouf ee Policebeamte vun engem Mann ugegraff.

De Mann huet, wéi d'Police schreift, e Beamte begrapscht a gouf doropshin zur Ried gestallt. Hien huet refuséiert, seng Identitéitskaart ze weisen an huet probéiert, sech laanscht d'Police ze drécken.

Wéi d'Beamte weider insistéiert hunn, huet de Mann ee vun de Poliziste vun hanne mam Hals geholl an op de Buedem geheit.

Doropshi koum et zu weideren Handgräiflechkeeten tëscht de Beamten a Leit, déi ronderëm stoungen. Nodeems d'Situatioun ënner Kontroll war, gouf den alkoholiséierte Mann mat op de Policebüro geholl, wou hien d'Nuecht am Arrest verbruecht huet.

Back to Top
CIM LOGO