Méiglecherweis KokainMann festgeholl, deen engem Mannerjäregen eng wäiss Substanz geschenkt huet

RTL Lëtzebuerg
De Jugendlechen soll dem Mann gehollef hunn, säi Rollstull ze lueden. Hien hätt d'Substanz als eng Zort Merci kritt.
© Laurent Weber

En Donneschdeg am spéiden Nomëtteg krut d’Police gemellt, dass e Mannerjäregen zu Uewerkuer vun engem Mann eng wäiss Substanz geschenkt krut, bei där et sech kéint ëm Kokain handelen. Éischten Informatiounen no hätt de Jugendlechen dem Mann gehollef, säi Rollstull opzelueden. Doropshin hätt de Mann him als Merci e Behälter ginn, an deem eng wäiss Substanz war. De Verdächtegen konnt am Kader vun enger Enquête ermëttelt ginn. Bei him goufen eng Partie Drogen an och Droge-Geschier séchergestallt. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

En Donneschdegowend krut d’Police iwwerdeems eng Kläpperei tëscht e puer Persounen an der Rue Philippe II ander Uewerstad gemellt. E puer Policepatrulle sinn op d’Plaz gefuer, wou d’Beamten dann och dräi Verdächteger gestallt hunn. Bei dëse goufen zwee Kichemesser, eng Eisestaang an eng Staang, ronderëm déi d’Kette vun enger Motosee gewéckelt war, séchergestallt ginn. Éischten Informatiounen no haten déi dräi scho virun der Kläpperei an der Rue Philippe II eng Ausernanersetzung mat engem anere Grupp vu Persounen. Dës wier awer geflücht, éier d’Beamten op d’Plaz komm sinn. Déi dräi Persounen, déi nach op der Plaz waren, goufe festgeholl. Well ee vun hinnen nach mannerjäreg war, goufen déi zoustänneg Autoritéiten informéiert.

Back to Top
CIM LOGO