
An engem kuerze Video, deen an de soziale Medie vum Groussherzoglechen Haff ze gesinn ass, gesäit een, wéi de Grand-Duc Guillaume sech beim Plooschter-Projet aschreift. “Ech ënnerstëtzen de Plooschter-Projet a schreiwe mech als Stammzellespender an. Jidderee ka sech mat enger einfacher Bluttanalys registréieren. Mat dësem solidaresche Gest gi mir Mënsche mat Leukemie eng Chance op en neit Liewen”, esou den Opruff vun eisem neie Grand-Duc.
“De Plooschter-Projet mécht reegelméisseg Sensibiliséierungs- a Registréierungsaktiounen, fir méi Leit iwwer Bluttkriibs opzeklären a si dozou ze beweegen, sech als Stammzellespender ze registréieren”, esou beschreift de Plooschter Projet seng Aufgab. “Säit der Grënnung vum Plooschter-Projet 2014 hu sech iwwer 17.000 Leit op enger vun eisen Aktiounen als Spender registréiert, dat sinn 79,9% vun alle Spender aus Lëtzebuerg.” An d’Resultat léisst sech weisen. Ëmmerhin hunn an deem Zäitraum 120 Leit Stammzelle gespent an esou engem Patient d’Chance op en neit Liewe ginn. Aktuell si fir de Projet eng 60 Benevollen am Asaz.
De leschten Dag am Februar, also dëst Joer e Samschdeg den 28., ass de Rare Disease Day. Dësen Dag gouf an d’Liewe geruff, fir d’Ëffentlechkeet fir dës Krankheeten ze sensibiliséieren an och ze weisen, wéi een Impakt dës Krankheeten op d’Liewe vun de Betraffenen hunn. Eng Krankheet gëllt als “rar”, wa si manner wéi eng Persoun vun 2.000 betrëfft an aktuell goufe schonn iwwer 6.000 där Krankheeten identifizéiert. Geschat gëtt, datt zu Lëtzebuerg eng 30.000 Leit vun esou enger Krankheet betraff sinn.