
Dëse soll eng Rei aktuell Mesuren zesummeleeën respektiv ersetzen, dorënner d‘Allocation de vie chère an d‘Prime énergie. E besonnesche Fokus soll dobäi op eelere Leit a Famille mat schoulflichtege Kanner leien, déi an Zukunft vun däitlech méi héijen Hëllefe kéinte profitéieren. D‘Eligibilitéitskritère sollen iwwerdeems harmoniséiert an déi administrativ Demarchen vereinfacht ginn.
Weider soll de Code pénal geännert ginn, fir d’Personal am ëffentlechen Transport besser ze schützen. Dat well et ëmmer méi Aggressioune géint d’Personal vu Bus, Zuch an Tram géifen, esou d’Argumentatioun vun der Regierung.
Da soll d’Cellule de Renseignement Financier, kuerz CRF, an Zukunft dierfe wichteg Informatiounen virop u Banke kënne weiderginn, fir Frauden ze verhënneren. Bis ewell gouf et dofir keng legal Basis, ma Krimineller géifen ëmmer erëm déi selwecht frauduléis Konte benotzen, fir nei Affer ze beducksen. Dowéinst wier et wichteg, dës Donnéeë kënnen un déi zoustänneg Acteure vum Finanzsecteur kënnen weiderzeginn, erkläert d’Regierung.