Obligatoresch medezinesch WeiderbildungSpéitstens 2028 soll ee System op de Schinne sinn

Raphaëlle Dickes
D’Obligatioun fir medezinesch Weiderbildung ass zu Lëtzebuerg en Tiger ouni Zänn.
Obligatoresch medezinesch Weiderbildung
Spéitstens 2028 soll ee System op de Schinne sinn.

n.Et gëtt keng Reglementatioun, keng Kontrollen a folglech och keng Konsequenze fir Medezinner, déi sech net um neiste fachleche Stand halen. Lëtzebuerg wär do „Schlussliicht“ sot den DP-Deputéierte Gerard Schockmel e Mëttwoch als Invité vun der Redaktioun.

De Collège Médical huet sech en Donneschdeg am RTL-Interview fir eng Reglementatioun ausgeschwat. Dofir bräicht et awer de politesche Wëllen. Dee wär do, betount d’Gesondheetsministesch op RTL-Nofro. Hire Ministère wär awer vum Personal hir limitéiert. “Mir kënnen net parallel u 50 juristesche Projete schaffen.”

Den CSV-DP-Koalitiounsaccord gesäit vir, datt ee System soll agefouert ginn, fir d’medezinesch Weiderbildung ze reegelen. Spéitstens 2028 wëll d’Martine Deprez esou ee System op de Schinnen hunn. Zesumme mat der Associatioun vun der medezinescher Weiderbildung ALFORMEC, dem Collège médical an der AMMD soll en ausgeschafft ginn.

AMMD oppe fir Gespréicher

Trotz der politesch ugespaanter Stëmmung mam Ministère weist d’Dokteschassociatioun sech oppe fir Gespréicher an dësem Dossier. “Ech denke schonn, datt mer fir eng Reglementatioun do mam Collège médical kënnen zesummeschaffen», seet den AMMD-President Dr Chris Roller.

D’Fro wär awer effektiv, wéi dee Formatiounsmodell sollt ausgesinn. “Am Ausland ass dat zwar vläicht méi reglementéiert. Do ginn et dann deelweis Punktesystemer, wou ee muss innerhalb vun, ech mengen zwee Joer, e gewëssene Montant u Punkten noweise vu Formatiounen, déi ee gemaach huet. Mee och do muss ee soen: déi Formatiounen – et ass net ëmmer, datt dat qualitativ héichwäerteg Veranstaltunge sinn. Dat sinn effektiv justement heiansdo Veranstaltungen, einfach fir Punkten ze sammelen an dat soll och net de But sinn.“

Do misst een de gudden Equiliber fannen. De Chris Roller betount awer och, datt jidder Dokter, dee seng Aarbecht seriö hëlt, déi neiste fachlech Recommandatioune kënne géif an u Kongresser a soss Formatiounen deelhuele géif. D’Urologie um Kierchbierg beispillsweis hätt eng däitsch Zertifikatioun am Kader vun där all Joers gepréift géif, ob de Patient no den aktuelle Leitlinnen traitéiert gouf. Do missten d‘Doktere sech also souwisou um neiste Stand halen. D’Medezin géif sech rasant weider entwéckelen. D’Kënschtlech Intelligenz kéint de Medezinner och hëllefen, fir déi aktuellste Recommandatiounen am Bléck ze hunn.

Ass d‘Diskussioun ëm een Unerkennungssystem bis lancéiert, wäert et och ëm d’Fro vu Käschte, Kontrollen a méigleche Sanktioune goen. Den Dr David Heck, Generalsekretär vum Collège Médical seet, datt een do misst ee Mëttelwee fannen.

“Engersäits ginn et do Formatiounen, déi heiansdo ganz deier kaschten, anerersäits déi Zäit kann den Dokter jo och net a senger Praxis schaffen, wou ee sech da kéint iwwerleeën, ob et net en Incentive kéint sinn sech dann entschiedegt ginn fir déi Zäit déi een do investéiert. An dat éischter wéi eng Strof kréie well een eng Formatioun net gemaach huet.”

Jonk Dokteren deels ofgeschreckt vu Lëtzebuerg


Eng obligatoresch medezinesch Weiderbildung ouni System, Reegele, Kontroll a Konsequenzen ass ee Problem, dat weess d’Gesondheetsministesch.

“Och d’Associatioun vun de Medezinstudenten huet an hirer Enquête erausfonnt, datt dat ee Punkt ass firwat jonk Dokteren oft net op Lëtzebuerg kommen, well se sech net sécher fillen, datt déi, di se begleeden, déi néideg Ausbildung hunn.“

Drock op déi zoustänneg Ministesch kënnt dëser Deeg och aus de Majoritéits-Reien. E Mëttwoch sot den DP-Deputéierte Gerard Schockmel als Invité vun der Redaktioun «An dann hu mer d’Weiderbildung, wat eigentlech ee low hanging fruit ass, firwat mer do net weiderkommen, dat kann ech wierklech net novollzéien.» Et misst ee just decidéieren, u wéi engem Land ee sech fir ee System wéilt inspiréieren, fënnt de Gerard Schockmel. D’Ministesch gesäit dat anescht.

“Mir hunn nach ni hei zu Lëtzebuerg ee Projet tel quel aus dem Ausland iwwerholl. Mee natierlech wann en Deputéierte wëll eng Gesetzespropositioun maache mat “low hanging fruits”, dann däerf en dat roueg maachen.”

Fir esou ee Projet opzebauen, bräicht et eventuell eng nei Verwaltung respektiv de Collège Médical oder d’ALFORMEC misste méi Ressource kréien fir d’Akkreditatioun an d’Validatioun vu medezinescher Weiderbildung am In- an Ausland ze assuréieren. D’Martine Deprez hofft, datt dat am nächste Budget berécksiichtegt gëtt. Si spillt de Ball also bei hiren CSV-Kolleeg, de Finanzminister Gilles Roth.

Back to Top
CIM LOGO