Okaju an Ombudsman Nees e Mineur an de Prisong op Schraasseg: Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher besuergt

RTL Lëtzebuerg
Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher an d'Ombudsman Claudine Konsbrück weise sech an engem Schreiwes besuergt, dass dës Woch nees e Mineur huet mussen an de Prisong op Schraasseg kommen, well keng Plaz méi an der Unisec zu Dräibuer war.
© RTL

A senger Qualitéit als externt Kontroll-Organ vum Prisong bedauert en, dass nach ëmmer esou Schrëtt néideg wieren. Dat duerch e strukturelle Manktem un appropriéierte Plaze fir Jonker. Och d'Zuel u Plazen an de Jugend-Psychiatrie missten onbedéngt dauerhaft gehéicht ginn.

PDF Schreiwes OKAJU an Ombudsman

Back to Top
CIM LOGO