Garer QuartierMann gouf mat Drogen erwëscht a festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Am Garer Quartier an der Stad ass e Sonndeg de Moien eng verdächteg Persoun opgefall, déi probéiert huet, laanscht eng Kontroll ze kommen.

Wéi d'Beamten de Mann duerchsicht hunn, ass dem Verdächtegen e bësse wäisse Polver erofgefall. Doropshin hunn d'Polizisten him d'Handschellen ugedoen, dobäi huet de Mann sech awer gewiert.

Bei der weiderer Kontroll konnte weider Droge fonnt ginn. Esou hat de Verdächtegen nach e bësse Crack, Crack-Steng an Haschisch dobäi.

Back to Top
CIM LOGO