
Dobäi gouf hie mat engem Glas um Kapp blesséiert.
Déi 2 Ugräifer sinn duerno fortgelaf, wahrscheinlech a Richtung Garer Quartier. D'Affer gouf nach op der Plaz medezinesch versuergt, éier et fir eng weider Behandlung an d'Spidol bruecht ginn ass.
Éischten Ermëttlungen no handelt et sech bei den Täter ëm zwee jonk Männer, Uganks 20, mat südlänneschen Originnen. Si haten allebéid en donkelgréngen, respektiv e groen Joggingskostüm un.
Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.