Wéinst 7 Fäll ugeklotMann kritt 9 Méint Prisong an eng Geldstrof

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem d'Virwërft wéinst Coups et blessures volontaires an d'Menacen hu schwéier gewien.

E Mann, dee wéinst 7 Tëschefäll vun tëscht Mäerz 2017 a Januar dëst Joer de Prozess gemaach kritt hat, ass am Nomëtten um Stater Geriicht zu 9 Méint Prisong veruerteelt ginn.

Donieft muss hien zwou Parties civilen zesummen net grad 1.100 € Schuedenersatz bezuelen.

Virun allem d'Coups et blessures volontaires an d'Menacen, tëscht Mäerz a Mee zejoert, géintiwwer enger Fra hate méi schwéier gewien.

Back to Top
CIM LOGO