Déif gepëtztMann kritt op der Gare mat Gewalt Jackett a Sue geklaut

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg huet ee Mann d'Police geruff, well hien am Garer Quartier an der Stad iwwerfall ginn ass.
© RTL Archivbild

Wou d’Beamten an der Rue du Chemin de Fer ukoumen, huet d’Affer hinnen erzielt, wat geschitt ass. Hie wier fir d’éischt vun zwee Männer ëmkreest ginn, ier een Drëtten hien ugeschwat huet. Him goufen du mat Gewalt d’Jackett an d’Sue geklaut.

D’Police konnt den Haaptverdächtegen an enger Niewestrooss fannen an huet d’Poursuite opgeholl. Wou se de presuméierten Déif bis gepëtzt haten, hu se déi geklaute Saache bei him fonnt. De presuméierten Täter hat awer nach aner Wäertsaache bei sech, bei deenen d’Police dovun ausgaangen ass, datt se méiglecherweis a Restaurante geklaut goufen.

D’Police huet de Parquet informéiert , deen de Mann festhuele gelooss huet. D’Affer krut seng Jackett a seng Suen zeréck.

Back to Top
CIM LOGO