Aus dem Police-BulletinMann kritt wärend dem Bezuele vum Parkticket d'Auer geklaut

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass dëse Virfall an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg, dat am Parkhaus Knuedler an der Stad.

Den Täter ass vun hannen un d’Affer erugetrueden, huet dëse wärend dem Bezuele vu sengem Ticket beim Automat am Parkhaus um Handgelenk gepaakt an him dunn d’Auer ofgeholl.

D’Police gouf informéiert an Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.

Da goufe wéi gewinnt och nees eng Partie Permisen agezunn, ënnert anerem engem Chauffeur, deen ze séier op der A3 ënnerwee war. Op der Héicht vum Chantier a Richtung Stad huet d’Police Vitesskontrollen duerchgefouert an hei goufen d’Beamten op e Chauffeur opmierksam, dee mat 130 Stonnekilometer laanschtgefuer ass, amplaz mat, wéi do erlaabt, 70.

De Won gouf ugehalen an et huet sech erausgestallt, dass et sech beim Chauffeur ëm eng Persoun gehandelt huet, déi eréischt just de Permis kritt huet. Wéinst dem Verstouss krut dësen de Fürerschäin nees ofgeholl, krut dofir awer e provisorescht Fuerverbuet an e Protokoll.

E weidere Permis gouf an der Rue Notre-Dame an der Stad agezunn. Hei war der Police an der Nuecht op e Samschdeg eng Persoun opgefall, déi offensichtlech Problemer hat, mat hirem Auto fortzekommen a souguer deelweis mam Won um Trottoir stoung. Den Alkoholtest war positiv, de Permis fort.

Back to Top
CIM LOGO