PoliceMann léint sech den Auto vum Noper ouni ze froen a provozéiert Course-poursuite

RTL Lëtzebuerg
Géint 2 Auer an der Nuecht krut d'Police eng Persoun gemellt, déi onerlaabt den Auto vun engem Hausbewunner zu Mutfert geholl hat.
© RTL Archivbild

Bei der spéiderer Sichaktioun vun der Police, bei där e puer Patrullen involvéiert waren, koum et zu enger Course-poursuite vu Mënsbech bis op de Kierchbierg. Wéi d’Police schreift, koum et zu e puer geféierleche Manöver duerch de flüchtege Chauffer, deen um Enn an der Unterfürung vum Rond-point fir op d’A1 en Accident hat. Dat huet dësen net dru gehënnert weiderzefueren, hie gouf awer no engem kuerze “Kaz a Maus"-Spill mat de Beamte vun enger Patrull gestoppt.

En Drogentest war positiv, doduerch goufe weider klinesch Tester am Spidol duerchgefouert. Donieft huet eng Kontroll erginn, dass de Mann weder e valabele Fürerschäin huet an ënner riichterlecher Kontroll steet am Kader vum Betäubungsmëttelgesetz.

Kengem ass beim Virfall eppes geschitt, ma um Auto ass en Totalschued entstanen. Bei der uschléissender Perquisitioun op Uerder vum Parquet beim Mann doheem gouf nach eng kleng Quantitéit Haschisch a Marihuana séchergestallt. Eng Plainte gouf deposéiert.

Back to Top
CIM LOGO