
De Proprietär vum Auto konnt allerdéngs no enger Partie Versich dësen ze kontaktéieren net fonnt ginn, sou dass een den Auto depanéiere wollt. Géint 18 Auer dunn ass de Mann op eemol opgedaucht, huet sech an den Auto gesat a wollt op d’Strooss fueren.
Eng Beamtin huet de Mann awer opgefuerdert stoen ze bleiwen an erauszeklammen a huet sech siichtbar virun den Auto gestallt. De Chauffeur huet sech allerdéngs net stéiere gelooss an ass weider no vir gefuer, wou bäi d’Beamtin an d’Persoun déi d’Police geruff huet, un de Been touchéiert goufen.
D’Strooss gouf doropshin mat engem Policewon blockéiert, sou dass eng Flucht konnt verhënnert ginn. De Mann gouf an Handschelle op de Police-Büro transportéiert.
De Mann koum op Uerder vum Parquet e Sonndeg de Moien virun den Untersuchungsriichter.