
Kuerz virun Hallefnuecht en Donneschdeg gouf eng Ausernanersetzung tëscht zwou Persounen op enger Strooss zu Bäreldeng gemellt. E vun de Männer huet dobäi deen anere mat engem Messer menacéiert. D’Messer gouf confisquéiert, de Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.
Op Uerder vum Parquet goufen tëscht 16 an 19 Auer en Dënschdeg tëscht Schëndels a Keespelt an zu Béiwen-Atert 307 Automobiliste kontrolléiert. A 6 Fäll war den Alkoholafloss positiv, 2 Permisen hu missen op der Plaz agezu ginn.
Zanter dem Mëttwoch am Nomëtte goufen eng Rei Abréch gemellt. Dat zu Bartreng, Ierpeldeng, Rolleng an Diddeleng. Zu Mäertert gouf am Laf vun der Nuecht an eng Tankstell agebrach, eng Rëtsch Zigarettestaange goufe geklaut.