PoliceMann mat Messer zu Leideleng immobiliséiert an Iwwerfall am Ellergronn

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et en Donneschdeg den Owend, respektiv an der Nuecht zu zwee Tëschefäll.
© Laurent Weber / RTL

Géint 1 Auer ass zu Leideleng bei enger Tankstell e jonke Mann duerch aggressiivt Verhalen opgefall. Well hien e Messer bei sech hat an net kooperativ war, huet hie missten immobiliséiert ginn. Bei him goufen Haschisch, Boergeld an eben e Messer fonnt. De Parquet gouf informéiert an et gouf Plainte gemaach.

An engem Akafszentrum um Kierchbierg gouf e Freideg de Moien een Déifstall gemellt. De Verdächtege konnt séier ermëttelt ginn a gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. E Freideg am Nomëtteg koum hie scho virun den Untersuchungsriichter. Déi geklaute Géigestänn goufen dem Geschäft zeréckginn.
Do virdru koum et nach zu engem Iwwerfall zu Esch am Ellergronn. Zwee Foussgänger goufen do vun dräi jonke Männer ugeschwat, wéi op eemol ee vun hinnen en Täschemesser gewisen huet an d’Wäertgéigestänn verlaangt huet. Geklaut goufen zwee Handyen, Boergeld an e gëllene Bracelet.

Täterbeschreiwung:

  • Täter 1: zirka 1,87 Meter grouss, däischteren T-Shirt mat Sträifen op de Schëlleren, hellbrong kuerz Box a Strëmp mat Flip-Flops.
  • Täter 2: zirka 1,75 Meter grouss, kuerz Hoer, däischteren T-Shirt, Joggingsbox a Sneakers.
  • Täter 3: zirka 1,75 Meter grouss, kuerz Hoer, schwaarzen T-Shirt, eng Sacoche fir ëmzehänken iwwert der Schëller, Jeansbox a Sneakers.
Back to Top
CIM LOGO