
D’Waff soll Aenzeien no och e puer Mol op de Buedem gefall sinn. Wéi d’Beamten de Mann ugetraff hunn, war dëse staark alkoholiséiert an hat d’Waff hannen an der Boxentäsch stiechen. D’Polizisten hunn dem Mann d’Waff direkt ewechgeholl, woubäi sech erausgestallt huet, datt et just eng Plastikswaff war.
Wéinst sengem héijen Alkoholpeegel a well hien an der Ëffentlechkeet fir Ierger gesuergt huet, huet hien d’Nuecht um Policebüro misse verbréngen.