
Op Uerder vum Parquet huet d'Police e Samschdeg op dräi Plazen an der Stad Alkoholkontrolle gemaach. 209 Automobilisten hu misse blosen. 13 haten ze vill gedronk, 4 vun hinne kruten de Führerschäin nach op der Plaz ewech geholl. Zu Fréiseng ass en alkoholiséierte Chauffer e Samschdeg den Owend op enger Kräizung an e puer Stroosseschëlder gerannt an huet sech fort gemaach. D'Beamten haten e séier identifizéierten, well den Auto war beschiedegt an hat e Platten. De Chauffer krut e Protokoll an ass säi Führerschäin lass.
An der Mierscher Géigend huet eng alkoholiséiert Persoun géint 23.20 Auer Leit an engem Café provozéiert a mat Stroosseschëlder ronderëm geworf. Wéi d'Police op d'Plaz koum, wollt d'Persoun grad mam Auto fortfueren. Well den Alkoholtest positiv war, gouf de Führerschäin ewech geholl an e Protokoll wéinst dem Randaléiere geschriwwen.