Zeienopruff no AusernanersetzungMann riicht am Sträit Schosswaff op en aneren

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch kuerz virun hallwer 5 am Nomëtteg koum et zu Déifferdeng an der rue Pierre Werner zu enger Ausernanersetzung.
© Police

An der Géigend vum Park "La Chiers" sinn 2 Männer unenee geroden, woubäi ee vun hinnen eng Schosswaff op deen anere geriicht an en deem aneren mam Dout gedréit huet.

De presuméierten Täter konnt méi spéit vun enger Police-Patrull gepëtzt ginn.

Eng jonk Fra, déi an der Géigend mat enger Poussette ënnerwee war, kéint méiglecherweis Zeie vun dëser Dot gewiescht sinn. Deemno ass dës Persoun elo der Police immens nëtzlech, wann et drëms geet, de Verlaf vun dëser Confrontatioun tëscht béide Männer ze beschreiwen.

Si an aner méiglech Zeie si gebieden, sech bei der Police vun Déifferdeng um 24 45 31 000 ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO