
Géint 00.40 Auer koum et op der Place du Marché zu enger Kläpp, nodeems ee staark alkoholiséierte Mann sech op enger Terrass dernieft beholl hat.
De Mann huet d’Terrass verlooss an ass laanscht ee Chantier an der Géigend komm. Hei huet hien eng Stäip aus Metall matgoe gelooss. Mat der Stäip am Grapp koum hie laanscht de Policebüro an huet do mam metallenen Objet géint d’Glasdier vum Gebai geschloen, déi doduerch futti gaangen ass.
Duerno huet den alkoholiséierte Mann sech zeréck op de Wee fir op d’Terrass gemaach. Do huet hien déi aner Gäscht rose gemaach, doduerch datt hien d’Metallstäip op d’Terrass geheit huet. Eng Rei Gäscht hunn dat net gutt opgeholl an hunn eng Kläpperei mam Mann ugefaangen. Dëse gouf doduerch am Gesiicht blesséiert.
Zwee vun den Aggresseuren hu sech no der Dot selwer der Police gestallt, zu deenen anere potentiellen Ugräifer lafen elo Ermëttlungen. De blesséierte Mann koum fir d’Behandlung an d’Klinik a konnt duerno de Recht vun der Nuecht an der Ausniichterungszell vum Policebüro verbréngen.