WaasserbëllegMann schwieft no verbaler Ausernanersetzung a Liewensgefor

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police en Donneschdeg am Nomëtteg op RTL-Nofro confirméiert, ass an der Nuecht op en Donneschdeg eng Persoun liewensgeféierlech blesséiert ginn.

D’Faiten hätte sech géint 4.20 Auer no enger verbaler Ausernanersetzung zu Waasserbëlleg zougedroen, esou d’Police. D’Affer hätt sech d’Blessuren éischten Erkenntnisser no méiglecherweis selwer zougefüügt.

No éischter Hëllef op der Plaz gouf de schwéier blesséierte Mann an d’Spidol gefouert. Weider Detailer kënnen zu dësem Zäitpunkt an den Ermëttlungen nach net matgedeelt ginn, esou d’Spriecherin vun der Police weider. De Parquet gouf iwwert de Virfall informéiert.

Mann op der Gare mat Messer gepickt

Och en Dënschdegowend koum et zu enger gewalttäteger Ausenanersetzung, dës Kéier am Garer Quartier. E Mann gouf géint 23.20 Auer mat engem Messer gepickt a schwéier blesséiert. Hie misst an d’Spidol transportéiert ginn. Eng verdächteg Persoun ass no der Dot mam Zuch op Esch-Uelzecht geflücht, konnt do awer gestallt ginn. Den Dag drop konnt d’Police dunn och eng zweet verdächteg Persoun festhuelen. Béid Persoune goufen dem Ënnersichungsriichter virgefouert.

Back to Top
CIM LOGO