Gewaltsamen Doud zu DiddelengMann vun 38 Joer gëtt bei Sträit déidlech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
De presuméierten Täter, e Mann vun 32 Joer, gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.
© RTL

Déidleche Sträit an engem Appartement e Samschdeg de Moien zu Diddeleng. Wéi de Parquet mellt, wier e Mann vun 38 Joer an enger Ausernanersetzung tëscht zwou Persounen déidlech blesséiert ginn.

D’Police, Parquet an Untersuchungsriichter waren op der Plaz. De presuméierten Täter, e Mann vun 32 Joer, gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an huet e Samschdeg am Nomëtteg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter. Et gëtt eng Autopsie gemaach an d’Police judiciaire ass mat der Enquête chargéiert.

De Parquet erënnert drun, datt d’Présomption d’innoncence gëllt, soulaang d’Schold net definitiv viru Geriicht erwisen ass.

Back to Top
CIM LOGO