GréiwemaacherMann wéinst haislecher Gewalt festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Op Vältesdag huet d'Police missen am Nomëtteg zu Gréiwemaacher an den Asaz, well ee Mann seng Partnerin geschloe soll hunn.
© RTL-Archiv

Béid Persoune wieren nach op der Plaz gewiescht, wéi d’Beamten ukoumen, heescht et vun der Police. De Parquet huet d’Expulsioun vum Verdächtegen ordonéiert, an hie gouf festgeholl. Den Donneschdeg de Moie muss hie virun den Untersuchungsriichter.

An der Stad gouf et de Mëttwoch dann och nach ee gewaltsamen Iwwerfall an der Géigend vun der Corniche. D’Affer gouf vu véier Persounen ugeschwat, ob et Zigarette verkafe géif. Wou d’Affer mat “Nee” geäntwert huet, gouf et vun engem aus der Grupp opgefuerdert, seng Täschen eidel ze maachen. D’Affer huet awer refuséiert. D’Täter hunn doropshin op Gewalt zeréckgegraff an hunn dem Affer de Portmonni geklaut, ier se sech duerch d’Bascht gemaach hunn. Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet, heescht et vun der Police.

Back to Top
CIM LOGO