EschMann wéinst Stalking vun Ex-Partnerin festgeholl

RTL Lëtzebuerg
D'Police zu Esch krut en Dënschdeg den Owend e Mann gemellt, dee seng Ex-Partnerin géing stalken.

Schonn an der Vergaangenheet war de Beamten een änlecht Verhale gemellt ginn. Wéi d’Beamten op d’Plaz komm sinn, konnt de Mann och an der Wunneng vum Affer gestallt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl. Bei him gouf donieft nach eng kleng Quantitéit Haschisch saiséiert. Domat hat de Mann en plus seng geriichtlech Oplagen net respektéiert a gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO