
Géint 5.30 Auer e Sonndeg de Moien si Beamten an der rue Fort Neipperg bei der Stater Gare op a Mann opmierksam ginn, dee virun allem duerch säi Verhale géigeniwwer de Polizisten opgefall ass. Wéi d'Beamten hien drop ugeschwat hunn, huet de Mann ugefaangen, dës ze beleidegen.
Dohier gouf decidéiert d'Persoun, déi a Begleedung vun enger Fra war, ze froen, fir sech auszeweisen. Dëst huet de Mann, deen alkoholiséiert war, awer refuséiert an et ass weider mat de Beleidegunge géint d'Poliziste gaangen. Et gouf decidéiert de Mann op de Büro vun der Police matzehuelen, dësen huet sech allerdéngs hefteg gewiert, seng Begleedung huet souguer probéiert d'Beamten dovunner ofzehalen, dem alkoholiséierte Mann Handschellen unzedoen.
Schlussendlech goufe béid Persoune mat op de Policebüro bruecht, wou et da weider mat Menacen, Beleidegungen a souguer Aschüchterunge gaangen ass. Béid Persoune goufe wéinst Rebellioun géint Poliziste protokolléiert.