
E Mann gouf an der Rue Gerhard Mercator ugegraff, wéi hien enger jonker Fra hëllefe wollt. Déi gouf nämlech vun engem anere Mann belästegt.
Wärend de Mann, deen hëllefe wollt, déi jonk Fra gefrot huet, ob alles an der Rei wier, huet deen anere Mann hie vun hannen mat engem spatzen Objet attackéiert. Heibäi ass de Pullover vum Mann futti gefuer an hie gouf liicht um Réck blesséiert.
Doropshin huet den Täter de Mann mat deem nämmlechten Objet och am Gesiicht blesséiert. D'Fra ass fortgelaf.
Gesicht gëtt souwuel den Täter, wéi och d'Fra déi belästegt gouf. All Indice ass fir d'Stater Police, via Telefon um 244 40 1000 oder via Email op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu