DéifferdengMann zerstéiert Fënster a randaléiert duerno op Bensinsstatioun

RTL Lëtzebuerg
De Mann, deen der Police um 19.30 Auer zu Déifferdeng gemellt gouf, war wuel net méi Här senger Sënner. Hien hat gedronk.
© RTL Archivbild

Eng Fra hat e Freideg den Owend e Geräisch an hirem Haus héieren an huet kuerz drop festgestallt, dass hir Fënster vun der Entréesdier futti geschloe gi war. De Schëllege souz och nach virun der Dier, huet sech awer direkt duerch d'Bascht gemaach.

Eng Policepatrull huet de Mann spéider gestallt. Hien hat gedronk an huet ausgesot, de Schued scho beglach ze hunn. Hien hätt Suen an d'Bréifkëscht gehäit.

D'Police hunn de Mann goe gelooss, him awer un d'Häerz geluecht, sech Heem ze maachen.

Wéi d'Beamten nees bei der Fra waren, fir si opzeklären, krute si e Virfall op enger Bensinsstatioun gemellt. Et war dee selwechte Mann, deen do randaléiert huet. Hie koum doropshin mat op e Policebüro an huet säi Rausch do dierfen ausschlofen.

Back to Top
CIM LOGO