
D'gesprache Prisongsstrof läit ënnert dem Maximum, de Client huet seng schlëmm Faiten agesinn an de Montant u Schuedenersatz ass korrekt, wann een dann dovu schwätze kann: Mat deene Wierder huet den Affekot vun engem Mann op d'Urteel um Stater Geriicht an engem Mordprozess reagéiert.
Wéinst dem Mord am Juni 2018 zu Schëffleng u senger deemoleger Liewenspartnerin gouf de Mann en Donneschdeg zu 30 Joer Prisong, 5 dovu mat Sursis, condamnéiert. Der Duechter vum Affer muss hien donieft 30.000 € Schuedenersatz bezuelen.
An der Koppel war et ëmmer nees zu Konflikter komm an um Owend virun de Faiten zu engem Sträit, deen den anere Moie fréi eskaléiert war.
Fir de Me Fränk Rollinger war de Parquet mat senger Fuerderung ewell ënnert de méigleche Maximum gaangen an hunn d'Riichter Circonstances atténuantes zréckbehalen, fir Sursis ze ginn.
De Me Fränk Rollinger: „... soudass een an enger 1. Phas emol seet, Jo, mir sinn ënnert deem, wat de Parquet gefrot huet. Ass et elo eng richteg Strof? Dat ass bei sou Saachen éischtens ëmmer schwéier ze soen an zweetens muss een dann eben och d'Begrënnung kucken, wat d'Riichter dann am Fong zréckbehalen hunn.“
Wat en eventuellen Appell géint d'Prisongsstrof ugeet, wär et an där heiten Affär vill drop ukomm, wéi de Prozess gelaf ass a wéi d'Gefill war.
De Me Fränk Rollinger: „Ech kann, Stand haut, net formell soen: Mir maachen dat oder dat! D'Tendenz geet wuel éischter - vläicht - dohin, fir en Appell ze maachen, wat d'Strof elo ugeet.“
Dofir misst een d'Strofmooss vergläiche mat anere Fäll, och wann net all Fall gläich wär, sou den Affekot vum Verurteelten, fir deen d'Riichter awer eventuell méi Sursis oder ee mat Oploen hätte kënne ginn.
A puncto Schuedenersatz sot de Me Fränk Rollinger, dass deen ni duergoe géif, fir de Schued ze behiewen, deen entstanen ass. Déi 30.000 € entspriechen deem, wat gefrot gi war.
De Me Fränk Rollinger: „Ech géif och net mengen, obschonns dat elo nach net am Detail mam Client beschwat ginn ass, dass mer op deem dote Punkt géifen Appel maachen. Dat ass eng Méiglechkeet um Pénal, wat d'Strof ugeet, a sech, mä déi Suen, déi d'Duechter vun der Victime krut, sinn definitiv net ze kritiséieren!“
Hire Schued wär net mat Suen ze behiewen an de Montant vum Schuedenersatz, Zitat, „total acceptabel an normal“.