
Dat deementspriechend Covid-Gesetz gouf jo e Freideg mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl. Deemno gëllt d'Ausgangsspär da nees vun 23 Auer owes un.
Déi meescht Geschäfter ginn ënnert méi strengen Oplagen nees op. Grad ewéi Sport a Kultur, d'Schoule funktionéieren nees gréisstendeels normal. Verschidde Fitnesszenteren dogéint hunn annoncéiert, datt si hir Dieren nach net opmaachen.
Et bleift awer derbäi, dass ee weiderhi just zwee Leit aus engem Stot däerf bei sech doheem empfänken, an den Alkoholverbuet am ëffentleche Raum bleift och bestoen, grad wéi d’Restriktioun, dass Restauranten an Caféë weiderhi mussen zoubleiwen.
RTL-News: Butteker nees op, Restaurante weider zou, Couvre-feu nees vun 23 Auer un
