Cour d'AppellMänner wéinst brutalem Iwwerfall fir 12 respektiv 7 Joer Prisong bestrooft

Kevin Kayser
D'Confirmatioun vum 1. Uerteel, eemol 12 Joer Prisong, 6 dovu mat Sursis, an eemol 7 Joer.
© AFP

Dat war de Verdikt, am Nomëtten, op der Cour d'appel an der Stad géint zwee Männer um Enn vum zweete Prozess ëm e brutalen Iwwerfall, am Mäerz 2016, op eng Fra um P&R Bouillon.

Ee vun hinnen hat dem Affer mat Gewalt d'Posch geklaut. Wéi d'Fra sech gewiert hat, gouf si mat engem Messer an d'lénks Schëller, an d'Broscht an an d'Genéck gepickt an och mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen.

Back to Top
CIM LOGO