Parlamentaresch FroMannste bestuete Koppele wielen d'Optioun vun individueller Besteierung

RTL Lëtzebuerg
Dat äntwert den CSV-Finanzminister Gilles Roth den LSAP-Deputéierten Franz Fayot a Mars di Bartolomeo op eng parlamentaresch Fro.

Zënter 2018 hu bestuete Leit zu Lëtzebuerg d’Optioun vun der individueller Besteierung. Dovu Gebrauch maachen allerdéngs déi mannst, wéi Chifferen vum Finanzministère weisen.

Am Joer 2022 gouf et just bei 0,23% un den Dossiere vu bestuete Koppelen eng Demande fir eng individuell Besteierung. Am Total waren dat 439 Dossieren, minimal méi wéi an de Jore virdrun.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO