Invité vun der Redaktioun (11. Januar)Marc Linden: Syfel bereet bis op d'Äusserst ze goen

RTL Lëtzebuerg
Invité en Donneschdeg um 10 op 8 war de Vizepresident vum Syfel.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Marc Linden
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

De Syfel ass bereet fir bis op d'Äusserst ze goen, seet de Vize-President vum Syndikat vun de Kierchefabriken, Marc Linden. Hie war en Donneschdeg de Moien den Invité vun der Redaktioun.

Um Donneschdeg gëtt an der zoustänneger Chamberkommissioun de Projet 7037 ugeholl, mat deem d'Kierchefabrike sollen ofgeschaaft ginn. De Vott an der Plenière dierft dann déi nächst Woch sinn.

D'Situatioune vu Beggen a vu Metzerlach, wou e Kierchebauveräin respektiv d'Oeuvres paroissiales sech als Proprietäre gesinn, wieren en neie Moment. De Marc Linden hofft dofir, datt dëst an der zoustänneger Chamberkommissioun zum Thema gëtt.

Trotzdem dierft ee keng Illusiounen hunn: Den Text kënnt wahrscheinlech duerch, seet de Marc Linden. Wat fir de Syfel bleift ass de juristesche Wee.

De Marc Linden (Extrait 1)

D'Plainte géint de Bistum wier an der Prozedur, seet de Marc Linden, do geet et jo ëm d'Konventioun vu virun 3 Joer.

E weidere grousse Problem wier deen, datt d'Kierchefro all 6 Joer nei gestallt gëtt, wann d'Constellatiounen no de Gemengewahle wiesselen, wiesselen och d'Usiichten.

Den Text, wéi en um Dësch läit, wier dann och ganz schwéier an d'Praxis ëmzesetzen.

De Marc Linden (Extrait 2)

Op d'Rumeur, datt de fréiere Generalvikar Erny Gillen President vum Fong kéint ginn, seet de Marc Linden, datt den Erny Gillen zwar dee wier, deen de Fong am beschte géing kennen, trotzdem wier et e schlechte Choix, well
dann nach méi Leit géingen hirer Wee goen, wéi déi déi dat souwisou scho Wëlles hätten.

Invité en Donneschdeg um 10 op 8 war de Vizepresident vum Syfel.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO