
Zeréck bei d'Tripartite, dat ass de richtege Wee fir de Sozialdialog hei am Land nees ze verbesseren, sou de fréieren LCGB-Nationalpresident Marcel Glesener um Donneschdeg de Mueren am RTL-Interview.
Eng Eenheetsgewerkschaft wier net néideg, well och am Pluralismus kéint ee staark sinn, sou den Invité vun der Redaktioun weider.
De fréieren CSV-Deputéierten ass och der Meenung, datt sech seng Partei gutt erneiert huet, an hie selwer ass och nach aktiv als President vun den CSV-Senioren. An deem Kontext gëtt hien ënnert anerem an den Dossiere Renten a Fleegeversécherung ëm seng Meenung gefrot.
Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moie géint 10 op 8 war de Marcel Glesener, fréieren Nationalpresident vum LCGB an CSV-Deputéierten.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.