
Hie war ënnert anerem och an der Landwirtschaftskummer, der Gesondheetskeess an dem “Conseil superieur de la nature” aktiv.
Wéi d’Bauerenallianz an der Nuecht op en Dënschdeg matdeelt, kënnt et elo allerdéngs zu engem Wiessel vun der Spëtzt. Neie President gëtt den aktuelle Vize-President an neie Buergermeeschter aus der Stauséi-Gemeng Marco Koeune. Hie géif d’Bauerenallianz “am Sënn vu sengem Virgänger” weider leeden, heescht et am Communiqué.
