Invité vun der Redaktioun (7. November)Marco Schank iwwert d'COP23

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun ëm 10 op 8 war den CSV-Deputéierte Marco Schank.

D'Erausfuerderungen op der Weltklimakonferenz zu Bonn si grouss. Et geet jo ënnert anerem ëm d'Ëmsetze vum Klimaaccord vu Paräis.

Ma d'Engagementer vu Paräis gi schonn net méi wäit genuch. Dat seet de fréieren Ëmweltminister an aktuellen CSV-Deputéierte Marco Schank.

80 bis 90% vun de Kuelereserve missten zum Beispill am Buedem bleiwen, fir datt d'Zieler ze realiséiere sinn.

Wat den Engagement vun der Lëtzebuerger Regierung ugeet, do fënnt de fréieren zoustännege Minister, datt villes nach op d'Zäiten zeréckzeféieren ass, wou d'CSV an der Responsabilitéit war.

Fir dat ambitiéist Ziel vun enger Co2-Reduktioun vu 40% ze erreechen, misst een zu Lëtzebuerg d'Zivilgesellschaft an d'Boot kréien an dat géing via Partenariater tëscht Staat a Gemenge funktionéieren, och d'Patronat an d'Gewerkschafte misste mat agebonne ginn.

De Marco Schank erhofft sech vu Bonn iwwregens en zolidd Regelwierk, mat där d'Ëmsetzung vun den Engagementer garantéiert ass.

Invité vun der Redaktioun ëm 10 op 8 war den CSV-Deputéierte Marco Schank.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO