De Secteur steet awer virun Erausfuerderungen, et misste Léisunge fonnt gi fir nees genuch Personal unzezéien an administrativ Prozedure missten och hei vereinfacht ginn, fuerdert de Generalsekretär vun der Horesca François Koepp. D’Margen iwwerdeems wiere vun 8 bis 12 Prozent op 3 bis 5 Prozent geschmolt.
“Also ech kann dat confirméieren, datt de Chiffre d’affaires klëmmt. Mee wéi gesot eis Käschte sinn disproportionell héich geklommen, soudatt wann ech dann de Chiffre d’affaires 2019 mat 2023 vergläichen, mat deene vill méi héije Käschten, ass et kloer, dann ass meng Marge, déi ass da carrement am Keller, an dat ass dat, wat wichteg ass. Et geet net drëm, fir vill Recetten ze maachen, et geet och drëm, fir um Enn vum Joer eppes iwwereg ze hunn.”
“Mir sinn do, wou mer 2019 waren. Mir sinn do 2, 3 Prozent, am Resultat, am Chiffre d’affaires, si mer besser, dat ass jo positiv. Mee op där anerer Säit hu mer d’Endresultat, dat ass dann e bësse méi schappeg, well mir jo awer am Fong massiv méi Salaire ze bezuelen hunn a mir hunn och méi Wuerenasaz, a mir hunn haaptsächlech och méi Elektresch.”Senger Aschätzung no géingen d’Leit nach ëmmer d’selwecht vill ausginn am Restaurant, vue dass d’Präisser méi héich sinn also manner consomméieren. Ma d’Clientë kommen: Scho Mëtt-November wieren d’Reservatioune fir Silvester voll gewiescht, iwwerraschend fréi. Och de Restaurateur Jean-Michel Zang ass zefridde mat de Reservatiounen, do wier een nees um Niveau vun 2019. Genuch Personal ze fannen, dat wier awer méi schwiereg ginn.
“C’est vrai que la main-d’oeuvre, déjà précédemment, c’était difficile, mais avec le Covid, ça s’est accéléré et on a beaucoup de mal à recruter, que ce soit en cuisine, en salle, nous verrons les années qui suivent, mais pour l’instant, c’est très difficile de trouver des gens qualifiés.”
Wéinst der Pandemie hätte vill Leit d’Motivatioun verluer am Secteur ze schaffen a wieren an en anere Beräich gewiesselt, dobäi kéime laang Trajeten a Stau an déi héich Logementskäschten hei am Land. Fir de Generalsekretär vun der Horesca François Koepp wieren aner Beruffer och wéinst dem Teletravail méi attraktiv. Hie gesäit awer och Léisungspisten.
“Vläicht musse mer nei Zäitmodeller erfannen, vläicht musse mer kucken, ob mer 4 Deeg eventuell kënnen aféieren, mat 10 Stonnen, am Plaz 5 Deeg (...) musse kucke wat mer do kënnen, datt mer méi attraktiv ginn. An da musse mer héchstwarscheinlech och an deene méi grousse Strukturen, där kréie mer jo ëmmer méi, eventuell och Karriäre kucken, fir där eventuell an eise Betriber anzeféieren, fir eis Personal intern ze fideliséieren.”
Bei der Horesca wënscht ee sech iwwerdeems och, datt déi vun der Regierung versprachen administrativ Vereinfachung an hirem Secteur ukënnt.