LëtzebuergMarriott an Hotel Alfa hunn en Accord getraff

RTL Lëtzebuerg
Den Hotel Grupp Marriott wäert d'Rudder vum Hotel Alfa vis-à-vis vun der Gare iwwerhuelen.
© AFP

No der Faillite 2017 ginn d'Diere vum Hotel Alfa nees opgemaach, dëst awer eréischt 2021. Et missten nach eng Rei Renovatiounsaarbechte gemaach ginn. Den neien Numm soll em Paperjam no "Luxembourg Marriott Hotel Alfa" sinn.

Weider Detailer op RTL 5MinutesD'Fraise vun deem Chantier kéinte sech - Sourcen no - op bis zu 40 Millioune chiffréieren.
D'Zukunft vum Traditiounsbetrib op der Stater Gare war zanter Mëtt 2017 ongewëss. Deemools hat d'Personal, ëmmerhin eng 80 Leit, wéinst Desaccorden tëscht dem Hotels-Exploitant an de Proprietäre gekënnegt krut. Deemools war den Alfa ënnert der Lizenz vu Mercure, enger vun de Marke vum Grupp Accord.

Back to Top
CIM LOGO