
An der Nuecht op e Samschdeg goufen et eng ganz Partie Alkoholskontrollen, déi vum Parquet ordonnéiert goufen. Op 10 Plaze queesch duerch d'Land hunn d'Automobiliste misste blosen.
E bësse méi wéi 1.100 Chauffeure goufe kontrolléiert. 17 mol gouf de Permis bei dëse Kontrollen agezunn.
4 mol hunn Automobilisten dann nach bei anere Kontrollen mussen hire Führeschäin ofginn.