
„Mir sinn eréischt säit engem Mount am Confinement. Wann dat net elo geschwënn eng Kéier ophéiert, da ginn ech dovun aus, dass mer massiv Demissioune kréien!“: Dat sot de Bâtonnier am RTL-Interview zum méiglechen Impakt vun der Corona-Kris op säi Beruffsstand. Dem Me François Kremer no sinn ongeféier 3.000 Affekoten um Stater Barreau ageschriwwen. Permanent géifen der demissionéieren, aus ënnerschiddleche Grënn, an net all Demissioun wär motivéiert. An der Lescht hätt een awer méi Demandë kritt.
An zwar vu jonke Stagiairen „déi soen: Ech muss eng Suspension de stage kréien, well mäi Patron de stage huet mech net gehalen. Dat kann dorop zréckzeféiere sinn, dass de Patron keng Aarbecht huet fir dee Jonken!“
Da géif ee vum Tableau verschwannen, wat ausgeséich wéi eng Demissioun, sou de Bâtonnier. Deem bis ewell just ee Fall bekannt ass vun engem Affekot, dee gesot hätt:
„Ech hu keng Aarbecht méi, ech demissionéiere vum Barreau an ech schreiwe mech an de volle Chômage an. Mir schwätzen hei net vu Chômage partiel; dat hei ass eng definitiv Mesure. Deen Affekot ass net méi Affekot. No der Kris, évidemment, kann deen erëmkommen, mä dann ass seng Etüd liquidéiert, da muss en erëm eng Kéier vun Null ufänken!“
Dobäi wär et awer net sou einfach, fir nees opzemaachen, betount de Me François Kremer. Virun deem Hannergrond géif een als Barreau probéieren, fir duerchzesetzen, dass d'Affekoten och Chômage partiel kéinte kréien. Op deem Punkt wär een awer nach net gehéiert ginn:
„En Affekot kann ënnert dem Régime libéral schaffen oder als Salarié vun engem aneren Affekot oder vun enger Affekotegesellschaft. Wann e Salarié ass, da kann en natierlech an de Chômage partiel kommen, mä wann en net Salarié ass an an engem Régime libéral ugestallt ass bei sengem Patron, an awer ëmmer all Mount de selwechte Forfait vun Honorairë bezuelt kritt, dee kann aus deem technesche Grond, well en net Salarié ass, net an de Chômage partiel kommen!“
Et géif een et ongerecht an net an der Rei fannen, fir déi eng sou ze behandelen an déi aner anescht: Dofir hätt ee gär, dass och déi Betraffen aus dem eegene Beruffsstand géifen assimiléiert ginn. Et hätt ee scho vill Gespréicher an deem Sënn gefouert, mä eben nach net ganz vill Gehéier fonnt.