Verkéierschaos am VideoMassiven Undrang bei Fast-Food-Drive-In, Police war op der Plaz

RTL Lëtzebuerg
Op e puer Plazen am Land, dorënner Féiz, Stroossen, Angelduerf a Käerjeng koum et zu engem Verkéierschaos wéinst Undrang bei engem Fast-Food Restaurant.

De McDonalds hat den Drive-In op 4 Plazen am Land um Donneschdeg opgemaach. Ma dass den Undrang op Fast-Food zu Lëtzebuerg esou grouss ass, dass sech souguer kilometer laang Staue, fir an den Drive-in forméieren, huet wuel net wierklech ee gerechent.

D'Police war op der Plaz, well verschidde Stroosse blockéiert ware wéinst dem laange Stau.

Back to Top
CIM LOGO