Ursaachen, firwat e Jonken op der Strooss lant, ginn et der eng sëllegen. De Wee zréck an d’Gesellschaft ass schwéier. Awer net onméiglech, wéi d’Beispill vun engem jonke Mann weist, deen eis seng Geschicht erzielt huet. Aus Angscht, fir seng Vergaangenheet jugéiert ze ginn, wëll hien anonym bleiwen. Am Reportage nenne mir hien “Enzo”.
D’Halte de nuit, net wäit vun der Gare: do huet den Enzo déi lescht Méint vu sengem Joer op der Strooss geschlof. Hie koum als klenge Bouf aus Frankräich op Lëtzebuerg bei seng Groussmamm wunnen. Mat 11 Joer war et d’Iwwerweisung an e Foyer. Mat 18 dunn an eng encadréiert Wunngemeinschaft. E schwieregen Iwwergang. Mat den neie Fräiheeten ass de jonke Mann net eens ginn, hat Schwieregkeeten, sech un d’Reegelen ze halen.
Zwee Mol gouf den Enzo an der WG beim Cannabis-Konsum erwëscht. Dunn huet hie misse seng Saache paken. No zwou Wochen op der Strooss huet de jonke Mann seng Léier ofgebrach. Keen Doheem, keng Famill, keng Aarbecht, keen Halt, keng Perspektiven... En Däiwelskrees, deen all ze dacks zu méi haarden Droge féiert. An dësem Fall zu Kokain. Heeschen a klauen hunn zum Enzo sengem neien Alldag gehéiert.
No e puer Méint koum den “Déclic” beim Enzo. De Wëllen, fir eppes ze änneren. D’Ënnerstëtzung vun de soziale Strukture war wichteg. Den Drogenentzuch huet de jonke Mann eleng hikritt. Et war net einfach. Ma den Enzo ass houfreg, datt hien no engem Joer op der Strooss nees zréck op déi riicht Bunn fonnt huet.
Haut wunnt den 19 Joer jonke Mann nees an enger betreiter WG. Hie mécht grad e Stage am soziale Beräich, denkt driwwer no, nees an d’Schoul ze goen, fir eppes an déi Richtung ze léieren.
Et hätt och kënne ganz anescht kommen. Aner Jonker kréien d’Kéier eréischt vill méi spéit oder och guer net...
“All Jonken, deen op der Strooss ass, ass een ze vill”. Dat seet d’Carole Reckinger vun der Caritas am RTL-Interview. Et géing keng grouss genuch, virun allem niddreg-schwelleg Offer fir déi Jonk tëschent 18 a 25 Joer ginn, an dobäi hätten ëmmer méi jonk Leit keen Dag méi iwwert dem Kapp hätten. Wéi vill et der sinn, wier onkloer, esou d’Carole Reckinger.
“De Problem hei zu Lëtzebuerg ass, datt mer generell keng Zuelen iwwert d’Obdachlosegkeet hunn. Déi Zuelen, déi mer hunn, déi si fragmentéiert, och net komplett. Et ass generell schwiereg, de Phenomen ze quantifizéieren, well wien ziele mer mat? Ziele mer Leit mat, déi just kuerz op der Strooss sinn? Déi laang Zäit op der Strooss sinn? Déi sech Hëllef siche bei Organisatiounen? Déi och vläicht keng Hëllef wëllen? Wat awer kloer ass, datt wa mir eng méi cibléiert a méi nohalteg Hëllef wëllen ubidden, da brauche mir méi, gutt Donnéeën, quantitativ wéi och qualitativ.”
D’Caritas fuerdert dofir eng besser a méi personaliséiert Prise-en-charge vun de Jonken tëscht 18 a 25 Joer. Si wiere méi vulnerabel. Nach quasi Kanner, déi meeschtens net déi néideg perséinlech Ressourcen hätten, fir aus der Situatioun erauszekommen.