
2018 war amfong e Copy-Paste vun 2013 - d’CSV krut mat 3 Sëtz déi meeschte Mandater. An déi goufen och d’nämmlecht besat wéi 5 Joer virdrun, mat der Rei no gewielt: d’Françoise Hetto, d’Octavie Modert an de Leon Gloden. D’François Hetto ass zejoert awer zréckgetrueden - nogeréckelt op de Krautmaart ass de fréiere Buergermeeschter vu Wuermer, de Max Hengel. Bei der DP konnt de Lex Delles viru 5 Joer déi meeschte Stëmme sammelen a gouf Mëttelstands- an Tourismus-Minister. An d’Chamber koume fir d’Demokraten de Gilles Baum an d’Carole Hartmann.
Fir d’LSAP gouf viru 5 Joer eenzeg an eleng den Nicolas Schmit gewielt, deen op Bréissel goung a woufir dunn d’Tess Burton an d’Chamber nogeréckelt ass.
Bei de leschte Chamberwale war d’LSAP hannert Déi Gréng am Pourcentage vun de Wieler gerëtscht, déi mam Carole Dieschbourg och nëmmen ee Mandat kruten. D’Carole Dieschbourg gouf Ëmweltministesch, den Henri Kox ass an d’Chamber komm, ier dësen 2019 Logementsminister gouf. Nogeréckelt fir hire Monni ass dunn d’Chantal Gary.
Souwäit fir de Réckbléck vum Walbezierk Osten - ma wat steet fir dës Walen alles um Spill?
Gréissere Changement bei der LSAP, wou den Nicolas Schmit jo net méi untrëtt an ofzewaarde bleift, wéi vill Sëtz d’Spëtzekandidatin Paulette Lenert fir d’Sozialisten ze gutt maache kann.
Bei der CSV dierf ee sech froen op den Deputéierten Trio Modert, Gloden, Hengel hir 3 Sëtz vereedege kënnen.
Bei deene Grénge sinn Dieschbourg a Kmiotek jo net méi mat vun der Partie - dofir trieden den Duo Kox-Gary am Osten als Spëtzekandidaten un.
Och net méi mat dobäi ass d’Monica Semedo fir d’DP, déi ëmmerhi 4. gewielte war. Weider un der Spëtzt bei den Demokraten trëtt de Lex Delles zesumme mam Carole Hartmann un.
2018 ware ronn 36.500 Wieler am Osten ageschriwwen. Vu ronn 219.500 potentielle Stëmme goufen der 211.000
verdeelt. Eppes iwwer 33.000 Walziedele sinn ofgi ginn, dovunner waren der gutt 31.000 valabel. Ronn 1.000 waren Nul an 820 wäiss.
Link: Fannt hei den RTL-Walsite fir d’Chamberwalen.