
An der Nuecht op e Sonndeg géint 4 Auer war an der Hollerecher Strooss an der Stad en Automobilist ze séier laanscht e Policewon gefuer. D'Beamte sinn deem Automobilist nogefuer ...
Bei der Kontroll huet sech eraus gestallt, datt et e Mandat d'arrêt géint de Mann gëtt. An och den Alkoholtest war positiv.
Quasi ëm déiselwecht gouf et eng Kläpperei zu Bettenduerf an der Dikrecher Strooss, dat no enger grousser Manifestatioun. Ee Mann, dee blesséiert gouf, sot aus, datt hien an eng aner Persoun vun Onbekannten attackéiert gi wieren, ouni evidente Grond.
Am Ganze koumen 3 Blesséierter an d'Klinik. Och si soten der Police, datt se geschloe gi wieren an datt en Handy geklaut gi wier.
D'Sich no Täter blouf ouni Succès.