D'Juegdsaison ass nees am GaangenMat der Naturverwaltung op d'Dréckjuegd

RTL Lëtzebuerg
"Oppassen op Mënsch an Déier", ee Saz, deen een deslescht nëmmen all ze dacks um Radio héiert. Ëmmer dann, wann enzwousch eng Juegd ass.
D'Ekipp vum Magasinn war bei enger Dréckjuegd dobäi
D’Bëschverwaltung organiséiert d’Dréckjuegden am Gréngewald.

D’Saison ass elo nees voll am Gaangen. Nieft de sëllege private Juegten, organiséiert och d’Naturverwaltung sechs Juegten pro Saison. Si ass responsabel fir d’Juegdlousen am Gréngewald. Ee Bësch, an deem sech och gäre Spadséiergänger ophalen.

Wéi d’Marianne Jacobs, déi bei der Natur-a Bëschverwaltung fir d’Juegd an d’Wëlldéieremanagement zoustänneg ass erkläert, wier dat och den Haaptgrond, wéinst deem de Staat d’Juegd op dëser Plaz organiséiert:

“Et ass e grousst Bëschmassiv, mat dat Gréisste wat mir hei am Land hu mat ganz ville schéine Weeër. Dat heescht hei muss een immens oppasse wa mir d’Juegd ausüben. Dat ass och ee vun de Grënn, firwat de Staat einfach déi Juegd hei mécht. Well duerch den héije Besucherdrock ass et wierklech schwéier eng sécher Juegd auszeüben.”

D’Sécherheet op der Juegd

D’Sécherheet wier dat Wichtegst op esou enger Juegd. Dowéinst gi bei all Juegd am Viraus bei den Agäng vum Bësch Schëlder opgestallt, fir d’Spadséiergänger dorop opmierksam ze maachen, dass grad gejot gëtt. Wann sech awer eng Kéier e Foussgänger an enger Juegd sollt erëmfannen, ass et un de Jeeër, fir him nees eraus ze hëllefen. Si sinn och fir dëse Fall ausgebilt.

Zur Sécherheet gehéiert och, dass all Participant vun der Juegd Signalfaarwen unhuet an den Ëmgang mat der Juegd beherrscht. Och dat si Saachen, déi op de private Juegte kontrolléiert ginn, wéi d’Marianne Jacobs erkläert:

“Natierlech kënne mir net ëmmer alles permanent kontrolléieren. Mee doduerch, dass déi Juegten ugemellt sinn, kënnen eis Agenten um Terrain - dat heescht eis Fierschteren - kontrolléiere goen. Wat kontrolléiere si do? Si kontrolléieren engersäits d’Juegdschäiner. Fir sécherzestellen, dass jiddereen, deen do aktiv deelhëlt, als Jeeër, e gültege Joersjuegdschäin huet an natierlech och, dass hir Waffen an der Réi sinn. Si kucken eben op déi Schëlder do stinn, ob déi Juegd ugemellt ass an och ob alles konform laut Gesetz a Reglement ass. An zum Schluss kucke si: Sinn déi richteg Juegdarte gejot ginn? An ass och de richtege Marquage drun?”

Bei Verstéiss kënnen och Protekoller geschriwwe ginn an et kann esouguer bis zum Entzuch vum Juegdschäi goen. Rezent gouf zum Beispill eng Strof ausgeschwat well ee Juegdpiechter géint d’Kirr-Reglement verstouss huet. Dat heescht, en huet d’Wëld gefiddert obwuel dëst net erlaabt ass.

All Juegd muss och am Viraus bei der Naturverwaltung a bei de Gemenge wou se stattfënnt, ugemellt ginn. De Grand Public ka sech dann an der Gemeng iwwert d’Juegten informéieren. Ausserdeem kann ee sech um Geoportail iwwert déi eenzel Juegten informéieren.

D’Ausbildung vum Jeeër

Bal ee Joer dauert d’Ausbildung, fir Jeeër ze ginn. Dat geet lass mat engem Stage, deen 8 Méint dauert. Da ginn et nach theoretesch Coursë bei der Naturverwaltung, Schosstrainingen an duerno e ganze Koup Examen. Fir de Juegdschäin unzefroen, misst ee vill Wëssen hunn, esou d’Marianne Jacobs:

“De Jeeër huet jo eng immens grouss Responsabilitéit. Engersäits well en aktiv an d’Natur agräift an eppes do mécht - dat heescht, de Wëldbestand probéiert ze regléieren - an anerersäits well mir mat enger Waff ënnerwee sinn. An dat brauch natierlech eng ganz gutt Ausbildung well domadder esou vill Responsabilitéit verbonnen ass.”

Dofir géif d’Naturverwaltung och weider Formatiounen ubidden.

Den Ofschossplang

All dräi Joer gëtt een neien Ofschossplang virgeschriwwen. Dat ass en arrêt ministeriel, dee pro Juegdlous ausgestallt gëtt. Dat heescht, et gëtt eng minimal Unzuel un Déiere festgeluecht, déi musse geschoss ginn. Fir de Routhirsch gëtt et och eng maximal Unzuel.

Fir den Ofschossplang baséiert sech d’Naturverwaltung op déi Donnéeën, déi hinnen zur Verfügung stinn. Dat sinn Trends vun de Jore virdrun, also d’Ofschossstatistiken, d’Unzuel u Wëldschied an d’Avise vu regionale Juegdkommissiounen.

Am Gréngewald ass zum Beispill virgesinn 273 Réi an 196 Wëllschwäin ze schéissen. Landeswäit sollen iwwert déi Period bësse méi wéi 20.000 Réi a Wëllschwäi geschoss ginn.

Dreifjuegd, Klappjuegd, Dréckjuegd? - Net dat selwecht!

Fir dës Zuelen ze erreechen, ginn et verschidde Forme vun der Juegd. Am Video an dësem Artikel gesäit een eng Dréckjuegd. Dës soll esou wéineg ewéi méiglech Stress beim Déier ausléisen. Méi iwwert déi verschidde Juegdzorte kënnt Dir hei noliesen.

Back to Top
CIM LOGO