Walen a PolenMat der neier Regierung réckelt Polen erëm méi no un d’Europäesch Unioun

Monique Kater
Den Ausseminister Jean Asselborn an de fréieren Honorarkonsul fir Polen zu Lëtzebuerg, Tom Krieps, kommentéieren d’Walresultat.
Mat der neier Regierung réckelt Polen erëm méi no un d’Europäesch Unioun
Den Ausseminister Jean Asselborn an de fréieren Honorarkonsul fir Polen zu Lëtzebuerg, Tom Krieps, kommentéieren d’Walresultat.

Et ass offiziell: a Polen wäerten d’Oppositiounsparteie mam Donald Tusk un der Spëtzt déi nei Regierung stellen. Fir Warschau bedeit dat e sech zréck-orientéieren a Richtung Europäesch Unioun an eng däitlech Majoritéit am Parlament. Dass d’Regierung Kaczynski Vergaangenheet ass, ass schéin a gutt, allerdéngs dierft een net vergiessen, dass a Polen nach een dierf mat schwätzen, an zwar de President Duda, monéiert de Jean Asselborn. Dee steet der Nach-Regierung no, wäert sech awer kaum géint de Wielerwëlle kënnen duerchsetzen.

Dat Resultat hei weist, dass wann e politesche Courant d’Wäerter vun der EU, d’Rechtsstaatlechkeet an d’Demokratie net mat net matdréit, dass dat géint d’Leit geet, sou de Jean Asselborn. A Polen gouf d’Onofhängegkeet vun der Justiz ageengt, wouropshin d’EU Milliarde blockéiert hätt, als eenzeg Méiglechkeet ze reagéieren. Dat soll déi nei Regierung elo esou séier wéi méiglech änneren.

U Polen hätte sech traditionell vill Länner inspiréiert – wann et mat enger Regierung Tusk zu der Akzeptanz vun den EU-Wäerter kënnt, wäert dat positiv op den Osten offierwen.

Fir den Tom Krieps, dee 5 Joer laang Konsul fir Polen war, huet déi grouss Walbedeelegung gewisen, dass d’Leit e Changement wëllen. Vill jonk Leit wiere wiele gaangen, a Polen an am Ausland, an och hei am Land wier d’Walbedeelegung grouss gewiescht.

Den Tusk als Ex-President vum EU-Conseil – e Gewënn fir Europa. Wat sech a a Polen op nationalem Plang wäert doen, géif spannend ginn.

Den Tusk hätt et fäerdeg bruecht, och déi nei Lénk Kraaft am Land, wéi d’Sozialisten, an d’Boot ze kréien, nieft der Bauerepartei. Eng spannend Allianz, fënnt den Tom Krieps.

Déi nächst Walen an Ungarn sinn normalerweis am Fréijoer 2026. Villäicht huet d’Stëmmung sech bis dohinner och do a Richtung Weste gedréit.

Detailer zu de Walresultater fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO