Zu Lëtzebuerg koexistéiere Kulturen aus iwwer 100 Länner. Ënnert anerem Lëtzebuerger, Residente mat aneren Nationalitéiten an och Expats, Leit, déi also nëmme fir eng limitéiert Zäit op Lëtzebuerg schaffe kommen. Besonnesch fir déi kann den Uschloss hei am Land schwiereg sinn, mä och fir Residenten ass et dacks net einfach, mat den Expats a Kontakt ze kommen. E Lëtzebuerger huet elo eng Applikatioun entwéckelt, déi kéint eng Léisung ubidden. Eng App fir zu puer Friemer eppes Iessen oder Drénken ze goen.
Loco Tables, heescht dës App. An d'Iddi hat de jonke Lëtzebuerger Daniel Kauth. Hie fënnt, dass jiddereen ze vill Zäit um Handy verbréngt. Mat Loco Tables wëll hien d'Leit aus der virtueller Isolatioun eraushuelen.
''Op där App gesäit een Dëscher, déi wierklech an der richteger Welt a Baren an a Caféë reservéiert sinn. De User kann am Fong just zwou Saachen n senger virtueller Welt maachen: e kann sech eng Plaz op engem Dësch reservéieren a sech duerno d'Profiller vun deenen anere Leit ukucken, déi sech och um Dësch ageschriwwen hunn. Duerno kann een an der App net méi kommunizéieren.''
Et muss een also eraus an déi reell Welt, fir d'Leit kennen ze léieren, bei deenen ee sech op den Dësch ageschriwwen huet. Wien net kënnt, gëtt zwou Woche blockéiert. Zu Lëtzebuerg ass d'App den Ament an enger éischter Phase, erkläert den Daniel Kauth, deen an der Schwäiz lieft.
''An der Schwäiz ass et virun zwee Méint lassgaangen. Mëttlerweil sinn do 350 Utilisateuren aktiv. E puer Dëscher d'Woch gi scho reservéiert. Et léiert ee wierklech ganz verschidde Leit kennen. Et huet jidderee seng eege Grënn, fir nei Leit kennen ze léieren, fir op esou Dëscher ze kommen.''

Expats, Studenten, Koppele,n déi nei Leit wëlle kenneléieren, Singlen. Eng richteg Dating App ass et awer net. En Dësch gëtt nämlech eréischt vun dräi Persounen un aktivéiert.
Esou hätt och de Restaurateur oder de Cafetier keen eidelen Dësch. Bei 6 Reservatiounen ass awer Schluss.
''Fir d'User ass et gratis. Mat de Caféë kucken ech no an no, ob een do vläicht en finanziellt Arrangement kéint fannen. Ech hoffen och e potenzielle Sponsor fir d'App ze fannen.''
E méiglecht Zil, seet den Daniel Kauth, wär nach, fir d'App speziell och fir eeler Leit accessibel ze maachen.